D'Erwaardunge fir eist Buch vun dëser Woch si grouss: De Barack Obama huet et scho gelies. Et ass fir divers Präisser nominéiert ginn a gouf ënner anerem vun der New York Times zu engem vun de beschte Bicher 2020 ernannt. "Haie in Zeiten von Erlösern" ass den Debütroman vun engem Hawaiieneschen Auteur, dem Kawai Strong Washburn. An hëlt de Lieser mat op déi Hawaiianesch Insel a seng Natur, seng Legenden a seng Probleemer.

22/11/2022 Buch vun der Woch: Haie in Zeiten von Erlösern

Wéi d'Famille Flores: Mamm, Papp an dräi Kanner een Ausfluch mat engem Touristeboot um Mier maachen, war kloer, dass dëst e besonneschen Dag sollt ginn. Déi einheimesch Hawaiianesch Famille leescht sech esou Ausflich normalerweis net. Vill ze deier an si sträife schonn dacks genuch laanscht d'Aarmutsgrenz. Fir d'Elteren ass net ëmmer Aarbecht do an déi dräi kleng Kanner wuesse méi séier aus hire Kleeder eraus wéi d'Suen erakomme si fir si nozekafen. Da fält de mëttelste Bouf, de Nainoa an d'Waasser, direkt an d'Géigend vun enger Grupp Haien. Amplaz de Mënsch unzegräifen, maachen d'Déieren de Géigendeel. Si bréngen hien nees ganz douce zréck bei seng Mamm. De Nainoa gëtt berüümt op der Insel. Hien ass de Jong, dee vun Haie gerett gouf. Mat der Legend, déi sech ronderëm spënnt, wuessen och d'Erwaardungen déi jiddereen un dëse besonnesche Jong huet.

"Haie in Zeiten von Erlösern" ass dat éischt Buch vum Auteur Kawai Strong Washburn. Hien ass zwar net zu Hawaii gebueren, huet awer déi éischt 18 Joer vu sengem Liewen op der Big Island verbruecht, fir si duerno nees ze verloossen. Mëttlerweil lieft hien a Minneapolis mat senge Fra a sengen Duechteren. A sengem Roman huet hien seng perséinlech Erfarungen aus der Kandheet a sengem jonken Erwuesseneliewen afléisse gelooss.

Et ass een interessanten Abléck an déi Hawaiianesch Kultur. Et ass eng Geschicht, déi een emotional beréiert, wëll een déi Famill iwwert Jore begleet. D'Geschicht ass ofwiesselend erzielt aus der Perspektiv vun den dräi Kanner an der Mamm. Et gi ganz vill verschidden Themen ugeschwat vu Klass, iwwer Rassismus bis iwwert d'Bezéiungsstrukturen an enger Famille. Interessant mécht et och déi Ausflich an de magesche Realismus, déi vill Spannung a Mystik mat an d'Geschicht bréngen. Eng kleng Kritik fir mech ass awer: Et geet enttäuschend wéineg ëm Haien.

Also keng Geschicht iwwert Haien an "Haie in Zeiten von Erlösern", mee éischter eng Coming of Age-Story. D'Buch ass am Luchterhand Literaturverlag erauskomm.