Eng wéineg bekannten Episod aus dem 2. Weltkrich, e Mord an engem Hotel zu Bonn an e mysteriéist Bild vum Picasso, dat a Südfrankräich nees optaucht : dat sinn ënner anerem d’Ingrédienten vum Andreas Storm sengem éischte Krimi ronderëm de Konschtexpert Lennard Lomberg ''Das 9. Gemälde''. De Lucien Czuga huet et gelies.

29/11/2022 Buch vun der Woch: Das 9.Gemälde

Mir sinn am Mee 1943. Am vun den däitschen Truppe besate Paräis sollen op Uerder vum Hermann Goering 600 Biller mat sougenannter ''entartete Kunst'' ëffentlech verbrannt ginn, dorënner och aacht Biller aus der Sammlung vun engem jiddesche Geschäftsmann. Wärend de Virbereedung fir dëst Verbriechen geléngt et dem Franz Eylmann, engem SS-Agent, deen undercover an der Wirtschaftsabteilung vun der Militärverwaltung schafft, en 9. Bild, e Konschtwierk aus de fréier Zäit vum Kubismus, dat am selwechte Raum wéi déi aner ënnerbruecht wor, ze klauen. Dofir huet hien d’Identitéit vum Ernst Lomberg, engem Leutnant aus der Konschtschutzabteilung ugeholl. An iwwerdeems den Eylmann sech mat deem wäertvolle Bild aus dem Stëbs mécht, gëtt deen echte Lomberg vun der Gestapo verhaft a gefoltert…

30 Joer dono huet den Eylmann, deen sech elo Paul Bärlach nennt, et bis zum President vum Bundeskriminalamt gepackt an ee vun senge
Mataarbechter ass den Ernst Lomberg. Bei engem Besuch am Haus vu sengem Chef entdeckt deen op eemol dat ominéist Bild a weess vun do un, dass ausgerechent dee Mann, duerch deen hien deemools an d’Gräpp vun der Gestapo koum, haut säi Chef ass !

Nees 50 Joer méi spéit spillt dat selwecht Bild op eemol eng wichteg Roll am Liewe vum Konschtexpert Lennard Lomberg, deem eigentlechen Held vum Buch. Enges Daags rifft nämlech e gewëssen Dupret hien un, dee gär hätt, datt hien dofir suergt, dass e laang Zäit verschwonnent Bild vum Picasso nees bei seng richteg Besëtzer kënnt. E puer Deeg dono gëtt deen Dupret an engem Hotel zu Bonn ëmbruecht a scho kuerz drop steet eng Agentin vum BKA virum Lomberg senger Dier. Vun do un geet deen op d’Sich no deem verschwonnene Bild a stéisst séier op en däischtert Geheimnis aus senger eegener Famill…

''Das 9. Gemälde'' vum Andreas Storm ass, dat ginn ech gären zou, eng haart Noss. Net nëmme wéinst deene verschiddenen Erziel-Epochen an Handlungsplazen, déi permanent wiesselen oder där Aaberzuel u Personnagen, déi optrieden, dorënner och e puer aus Lëtzebuerg, mä virun allem wéinst den dacks opgesetzten a gestelzten Dialogen a virun allem deene ville klengen Episoden, déi den Auteur gutt a gären hatt
kënnen ewechloossen. Dëst mécht dee Roman zu engem OLO, engem OnidentifizéIerte Lies-Objekt, dat déi ganzen Zäit schwankt tëscht Krimi, Geschichtsbuch a Konschtlexikon.

«Das 9. Gemälde » vum Andreas Storm ass op Däitsch bei Kiepenheuer & Witsch erauskomm