Grillvirféierung mam amerikanesche Grillmeeschter Hawk Blackburn

Bei Déco-Jardin um Rouscht fängt dese Weekend d’Summersaison 2019 mat enger grousser Porte Ouverte un. Do fannt Dir eng immens grouss Auswiel u Gaardemiwwele, sief et eng flott Lounge am Aluminium oder Geflecht, natierlech mat de passenden Outdoorkëssen, ee prakteschen Dësch fir eraus ze zéien, mat enger Keramik- oder Teakholzplack oder e grousse Sonnenprabeli. Si hun och ganz vill Promotiounen an hierer Expo ausgestallt, déi all op Stock sinn, an op Wonsch och direkt kënne geliwwert ginn an dee Service ass gratis bei Déco-Jardin. Ganz interessant ass och hir Grillvirféierung mam amerikanesche Grillmeeschter Hawk Blackburn. Hie verwinnt Iech mat Fingerfood, gett Iech Tippen an Tricken ronderem d‘Grillen. Déi ganz Gamme vun Napoleon kennt dir bei Déco-Jardin gesinn an hiert speziell geschoult Personal kann Iech alles am Detail erklären. Et lount sech also bestëmmt dese Weekend um Rouscht laanscht ze goen an Iech iwer all des flott Affären ze informéieren. Dese Samsdeg 16.3. si si riicht duerch op vu moies 9.00 bis owes 18.00 an e Sonndeg 17.3. vun 14.00 bis 18.00. Fir weider Detailer: surft op www.deco-jardin.lu.

RTL-Business 15.3.2019 13h20