Regional a lokal Produiten

Viru 16 Joer hunn déi 2 Bridder, de Jos an de Jean-Marie zu Mäerzeg mat der Bäckerei ugefaange.Mëttlerweil hu si 15 Butteker an 156 Leit fir si schaffen.

Dir fannt vu Gehäerzt bis Séiss, déi ganz Gamme mat Léift gebak an dat nëmmen mat lokalen a Regionale Produiten.Eeër, Ram, Miel asw si Lëtzebuerger Produiten a Schockela ass Fairtradeschokela an dat zënter 2007 un bei der Bäckerei Jos a Jean-Marie.

D’Bäckerei Jos a Jean-Marie schafft och vill mat Speltzmiel an huet och 2 nei Brout erausbruecht: eng Kéier en Duebelgebak an eng Kéier an Tourte au Président déi der och am Cactus ze kafe kritt.

Den 9. an 10. Juni ass déi grouss Porte ouverte zu Mäerzeg wou déi nei Produktioun gewise gëtt..do gesäit ee wierklech hannert d’Kulissen.Dir kënnt d’Personal froen a mat hinne schwätzen.

Si weisen dann och hir ‚KRAAFT‘ a bei Kraaft steet fir all Buschtaf bei hinnen eppes hannendrun: K fir Kreativitéit, R fir Regional, A fir Artisanal, deen 2. A fir Anescht, den F fir Fairtrade an den T fir Team wat der Bäckerei Jos a Jean-Marie ganz wichteg ass.

D’Bäckerei Jos a Jean-Marie proposéiert natierlech och eng ganz Gamme u Kuche, Glacen, Petit fouren wou der Är Wënsch och bei der Kreatioun erfëllt kritt.Si maachen iech individuell Kuchen fir Feieren, modeléieren Figuren a suergen datt Dir zefridde sidd.
Méi Info och op