Déi skandinavesch Fashion Boutique Honey|Mustard bréngt hire Café "Fika" an d’Stad. D'Besëtzer hunn och de Concept Store "Vitrin" an der City Concorde, wou den éischte "Fika" Café schonn erfollegräich opgemaach huet.

"Fika" ass e schwedesche Brauch bei deem ee sech zesummen eng Paus vum Alldag hëlt a wéi mir et op lëtzebuergesch géife soen "e Kaffiskränzchen hält". Fir déi Auszäit e bëssen ze verséisse gëtt et beim Fika och alles wat den Amateur vu Kuch a Kaffi sech wënscht an déi Leit déi laktos- oder glutenintolerant sinn oder vegan liewe fannen hei och eng grouss Auswiel.

Fir d‘Mëttegstonn zerwéiert de Fika e Lunch a Kooperatioun mam Restaurant Happ. Hei wäert een eng kleng Auswiel u gesonden Zalotenbowls fannen, déi ee gären op der sonneger Terrass genéisse kann. De Café wäert och owes nach op hunn a luet an der Alstad direkt niewent dem Palais op en Apero no der Aarbecht an.

15/05/2019 Business