Am Kartrong agepaakt, deen zu 100% FSC-zertifiéiert ass

RTL-Business 21.6.2019 13h20

D’Firma Grosbusch huet elo nei, ëmweltfrëndlech Emballagen. De Famillgebetrib vun Elleng ass jo spezialiséiert am Import an an der Distributioun vun Uebst a Geméis zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. A well hinnen eppes un eiser Ëmwelt läit, hu si sech zanter 6 Méint konsequent engagéiert, fir de Plastik am Emballage ze reduzéieren an hier Qualitéitsprodukter beschtméiglech ze schützen. Ee groussen Deel vun hiere biologëschen a konventionnelle Produkter ass elo am Kartrong agepaakt, deen zu 100% FSC-zertifiéiert ass, dat heescht biodegradabel. Doniewt ginn d’Verkaafsinformatioun direkt op dee Kartrong gedréckt, mat Waassertënt. Esou brauch also keng zousätzlech Etiquette drop gepecht ze ginn. Just e puer Produkter, bei deenen d’Form oder d’Gréisst net passt, ginn an enger Katrongsschuel mat engem renge, recycléierbare Plastiksfilm agepaakt fir se besser ze haalen an ze schützen. An da gëtt et och nach eng Gamme am Filet aus biodegradelem Duch, deen 100% kompostéiert ka ginn. Esou kënnen am Ganzen am Joer iwwer 20 Tonne Plastik agespuert ginn! Méi Detailler iwwer hier ekologesch Ausriichtung fand Dir och op www.grosbusch.lu.