Vu gëschter un an 10 Supermarchés-Haiser

D’Valorlux ASBL, an Zesummenaarbecht mat der CLC, dem Emweltamt, an 10 Supermarchés-Haiser féiert de SUPERBAG® zu Lëtzebuerg an.

Dëst mam Ziel, dem Konsument eng réutilisabel Alternativ zu den Ee-Wee Léisungen am Rayon fir Uebst a Geméis unzebidden.

De SUPERBAG® gëtt et zanter Gëschter, fir en proposéierte Preis vun 0,35 € d’Stéck an de Geschäfter vun Aldi, Auchan, Cactus, Cora, Delhaize, La Grande Epicerie Massen, La Provençale, Match, Naturata a Pallcenter, an ergänzt esou d’Sortiment vun de réutilisablen Alternativen, wéi d’Eco-Tut, déi d’Valorlux an hier Partner elo schonn zanter 15 Joer ubidden.

Fir de Verkaf-Start, an dëst bis e Sonndeg, gëtt de SUPERBAG® a Form vun „2 Säck fir den Preis vun engem“ an de Partner-Geschäfter ugebueden.

Dës ëmweltbewosst Initiative, gëtt och enger steigender Nofro vum Konsument gerecht, sech ëmmer méi fir nohalteg Léisungen z‘ interesséieren.