...an an de Beräicher Vente an Dekoratioun si Léierplaze fräi!

Beim bram sinn natierléch nach ëmmer Solden, mee elo neierdéngs kënnt Dir och online shoppen. Am grousse Geschäft an der City Concorde hutt Dir jo op 11.000m2 méi wéi 300 international, renomméiert Marque fir Dammen, Hären a Kanner, mat groussem, gratis Parking. Fir déi Leit, déi net esou gutt zu Fouss sinn, oder déi gär bequem vun doheem aus shoppen, gëtt et awer och elo d’Méiglechkeet fir eng flott, moudesch Selektioun vu Kleeder op www.bram.lu an e puer Klicken online ze kafen. Als Rappel: Beim Famillgebetrib bram schaffen 240 Mataarbechter mat 12 verschiddenen Nationalitéiten an den Departementer Verkaf, Ännerungsschneiderei, Marketing, Dekoratioun a Logistik. An an all desen Departementer hu si och regelméisseg Ausbildungsplaze fir jonk Leit, den Ament zum Beispill an der Vente an an der Dekoratioun. Wann Dir also eng Léierplaz an deene Beräicher sicht, Dir hutt Spaass un der Moud, Dir wëllt Clienten inspiréieren a beroden a schafft gär an engem Team, da meld Iech beim bram an der City Concorde oder op www.bram.lu.

RTL-Business 12.7.2019 13h20