Stëmmt of fir déi beschte Puben a gewannt en iPhone 11 256 Go

RTL-Business 10.1.2020 13h10

De 5. Februar ass an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg déi feierlech Remise vun de Media Awards 2020 an elo gëllt et ze voten. D’Media Awards si jo esou eppes ewéi d’Oscare vun der Pub zu Letzebuerg. Si ginn organiséiert vu Maison Moderne an RTL. De renomméierte Jury aus 6 nationalen an internationalen Experten aus Marketing a Kommunikatioun huet schonn déi Bescht an de Kategorie Presse, Digital, Radio, Televisioun a Kino an am Out of home (OOH) an Digital Out of home (DOOH) fir Iech pre-selektionnéiert. Déi fannt Dir elo op www.media-awards.lu an do kënnt Dir dann och elo fir Äer léiwst Publicitéiten am Kader vum „Prix du Public“ ofstëmmen. An et soll och net Äere Schued sinn: ee vun deenen, dee matgevote huet, kann e stylish schwaarzen iPhone 11 256 Go gewannen. Jidderee kann nach bis de 15. Januar eng Kéier matmaachen an d’Conditioune si just dass een entweder hei zu Lëtzebuerg liewt oder schafft an d’Reglement acceptéiert. A mir sinn da gespaant, wien um Enn dee beléifte „Prix du Public“ niewt Gold, Sëlwer a Bronze an all Kategorie wäert kréien. A wann Dir bei deem prestigiéisen Owend wëllt derbei sinn: Billjeeën ginn et och op www.media-awards.lu.