Gastronomie a Wellness vum Feinsten!

RTL-Business 12.2.2020 13h10

Hutt Dir schonn e Kaddo fir Vältesdag? Wann net, dann hu mir hei eng Propose, déi ëmmer gutt ukënnt. An zwar ee romanteschen aus dem Domaine Thermal zu Munneref. E Freideg, e Samsdeg an e Sonndeg erwaarden Iech zum Beispill speziell Menüer an deenen 3 Restauranten „De Jangeli“, am nei renovéierte „Maus Kätti“ an am „Chalet am Brill“. Déi genee Menüer fannt Dir op mondorf.lu an do kënnt Dir Ären Dësch och direkt reservéieren. A wann Dir léiwer Wellness schenkt, da profitéiert vun der Offer „Journée de soins Cupidon“, mat enger Monoï-Massage, engem Rasul, engem Schokelas-Enveloppement an dem Accès a Fitness a Wellness fir 1h30 fir 155 € pro Persoun. A fir Iech zu 2 eng Freed ze maachen, proposéiert den Domaine Thermal d‘“Journée de soins Love & Spa“ vun 180 € u fir 2 Persounen. A wann Dir deem, deem Dir e Kaddosbong schenkt, méiglechst vill Flexibilitéit wëllt loossen, da schenkt eng Blue-, Silver-, Gold- oder Platinum-Box, all Kéier fir 2 Persounen a fir all Budget. Weider Informatioune ginn et um 23 666-666 oder op reservation@mondorf.lu.