De Mëttwoch 26. Februar zu Leideleng

De Fachmaart Robert Steinhäuser, bitt senge Clienten oft gären emol méi un, wéi just eng top Berodung an de Verkaf vun hire Produiten.

Si organiséiere gären och emol Eventer fir ze weise wat een alles Flottes mat hire Produite maache kann, an dat op eng Kreativ Art a Weis, wéi sech dat fir e Geschäft mat vill Faarf gehéiert.

Esou dann och de Mëttwoch 26. Februar zu Leideleng.

Mat “Paint Revolution – Make Art not war”, e Concours organiséiert mam Giorgio Grisan.

Hei stellen 10 Moler-Meeschter hier d’Talent ënner Beweis, an deem se hier verschiddenst Techniken op enger Mauer applizéieren.

De Spectateur gesäit hei also net nëmmen e fäerdegt Wierk, ma e gesäit de ganze kënschtleresche Verlaf, wéi dëst Wierk entstanen ass.

Dat geet Moies schonn un an Owes géint 18:00 ass dann e kléngt Spektakel ugesot mat Bodypainting, wou d’Modellen esou bemoolt ginn, wéi d’Wierker vum Kënschtler.

Dëst alles de Mëttwoch 26. Februar beim Fachmaart Robert Steinhäuser zu Leideleng.

Hei e Link fir dem Girogio Graesan seng Wierker : www.giorgiograesan.it.

21/02/2020 Business