D‘Bandbreet, déi fir d’Transmissioun vun de Programmer néideg ass, ass komplett onofhängeg vun der Zuel vun de Leit, déi an engem Moment zesumme kucken.

Business RTL 25.3.2020

An deene läschten Deeg goung jo vill rieds iwwer d’Qualitéits-Reduktioun vum Streaming wéinst der Iwwerbelaaschtung vum Netz an d’Eltrona well an deem Kontext e puer Saache kloer stellen: An de sozialen Netzwierker gouf sech e.a. d‘Fro gestallt, op hier Servicer fir radio ze lauschteren an Telé ze kucken an Zukunft nach disponibel wieren? Hei huet d‘Eltrona eis informéiert, dass si, am Géigesaz zu deene klassëschen Telekommunikatiounsopérateuren, hir Servicer iwwer e Breedband-Réseau diffuséieren, déi zum gréissten Deel iwwer optesch Fiber a Koaxkabel iwwerdroe gëtt. Hei gëtt déi digital Technologie DVB-C fir Telé iwwer Kabel genotzt, déi de grousse Virdeel huet, dass all d’Programmbouqueten (déi gratis, déi bezuelt an de Radio) ëmmer zesummen op Ärer Telé an op Ärem Décodeur ze fanne sinn. D‘Bandbreet, déi fir d’Transmissioun vun de Programmer néideg ass, ass komplett onofhängeg vun der Zuel vun de Leit, déi an engem Moment zesumme kucken. Also : déi aktuell Situatioun, an där d’Leit bal all doheem sinn, huet weder en Afloss op Qualitéit, nach op d’Zuel vun de Programmer, déi Dir abonnéiert hutt. Dir kënnt also iwwer d’Eltrona de Radio lauschteren an d’Telé kucke, wéi eis franséisch Nopere géife soen: „sans aucune modération!ʺ Dat selwecht gëllt natierlech och fir hir Telefonsservicer an den Internetaccès. Si behalen déi aktuell Situatioun permanent am A a si fir Iech do !