Domat falen de Plastiksoffall a vill Logistik ewech

Business RTL 27.3.2020

Orange Lëtzebuerg lancéiert elo den « eSIM » hei am Land. Dat ass eng Première zu Lëtzebuerg ! eSIM ass eng ganz nei Technologie déi déi traditionnell Plastiks-SIM-Kaarte kann ersetzen.

Den eSIM ass en Chip, deen direkt an den Apparat integréiert gëtt. Wann en da bis activéiert ass, fonctionnéiert e wéi eng klassesch SIM-Kaart. Duerch den eSIM gëtt Orange Lëtzebuerg elo en total digitalen Opérateur. Och fir de Client ginn et nei Méiglechkeeten ! Si kënnen zum Beispill ganz einfach en neie Profil op hir eSIM lueden an esou tëscht dem privaten an dem professionnellen Abonnement hin an hir switchen.

Och fir déi, déi vill reesen, fir d’Auslänner, déi hei liewen, a fir d’Touriste mécht d’eSIM villes méi einfach: si kënnen sech dann zum Beispill fir e lokalt Abonnement zu Lëtzebuerg entscheede, wa si hei sinn. Mam eSIM kann Orange Lëtzebuerg och elo geschwënn nei Abonnementer fir eng breed Gamme vu Smartphonen, Tablets, connectéiert Aueren an aner Geräter ubidden.

Vun e Méindeg 30.3. u brauch also kee Lëtzebuerger Client vun Orange méi eng SIM-Kaart an den Apparat ze stieche fir an den Orange-Réseau hei am Land ze kommen. Domat falen och de Plastiksoffall a vill Logistik ewech, wat Orange Lëtzebuerg also och nach méi nohalteg mecht. Déi Responsabel vun Orange erwaarden sech dass d’eSIM bis 2030 100 % vum Maart wäert kréien, parallel zu kompatibilen Apparater. Där si bis 2025 2 Milliarden ënnerwee. Déi meescht Produzente sinn elo schonn am gaang ëmzestellen, well d’Fach vun der SIM-Kaart onnéideg Plaz am Handy ewech hëllt, déi da fir aner wichteg Deeler ka gebraucht ginn.