Ënnerstëtzt déi lëtzebuerger Geschäftswelt an dese fir si schwéieren Zäiten a bestellt iwwer letzshop.lu, well lokal ass hinnen net egal!

Business RTL 3.4.2020

Déi national online Plattform Letzshop ass elo an der Kris eng duebel Verkafssäit. Engersäits op corona.letzshop.lu. Dat ass e Site am Site fir vulnerabel, also krank an eeler Leit, déi sech hei hir „Produits de première nécessité“ an e puer Klicke kënne bestellen a gratis heem liwwere loossen. Dem Ministère vum Lex Delles seng Partneren an desem Projet sinn d’clc, d’Chambre de Commerce, all déi grouss Supermarcheeën an d’Post a Michel Greco fir d’Liwwerung. Den Délai sinn 1 bis 3 Deeg, ët gëtt kontaktlos vu méindes bis samsdes geliwwert an et kann ee mat der Kreditkaart oder esouguer op Rechnung bezuelen. A fir corona.letzshop.lu gëtt et och eng Telefonshotline : den 8002 92 92.

Niewt deem Service d’urgence leeft den Haaptsite letzshop.lu natierlech och normal weider mat der Liwwerung am ganze Land an esouguer iwwer d’Grenzen eraus. Op där komplett securiséierter Plattform fann Dir Produkter aus bal 300 lokale Geschäfter, mat och e.a. engem immens grousse Choix u Kaddoe fir Ouschterdag! An dann hu si och nach eng gutt Nouvelle fir all d’Geschäftsleit: de Bäitrett 2020, wat normalerweis 500 € wieren, ass fir bestehend a fir nei Geschäfter gratis! Ënnerstëtzt also déi lëtzebuerger Geschäftswelt an dese fir si schwéieren Zäiten a bestellt iwwer letzshop.lu, well lokal ass hinnen net egal!