De Supermarché mecht alles fir seng Clienten a Mataarbechter beschtméiglech ze schützen!

Business RTL 8.4.2020

Beim Delhaize stellen se fest, dass 3 vun 10 Clienten déi sozial Distanz net anhalen. Si hunn elo extra nei Autocollanten op de Buedem gepecht fir op déi 2 Meter Distanz hinzeweisen, déi nët ëmmer respektéiert ginn, wat elo eng intern aléatoire Etude erginn huet. D’Distanz géif weder an der Keess, nach par rapport zu de Mataarbechter, déi d’Rayonen opfëllen, agehal ginn. Aplaz eleng akafen ze kommen, kommen och nach ëmmer Leit zesummen an huelen dann 2 Caddien, fir dass dat net soll opfalen.

Den Delhaize mécht alles fir hir Clienten a fir hir Mataarbechter beschtméiglech ze schützen. D’Caddien an d‘Terminaux fir ze bezuele ginn zum Beispill regelméisseg vun enger professionneller externer Firma am Detail op mannst all 2 Stonnen desinfizéiert. D’frëscht Brout gëtt präventiv am Ganzen a Sacheten agepaakt, fir dass de Client et dann duerno an der ëmmer neess desinfektéierter Schneidmaschinn selwer ka schneiden. De Supermarché mécht an engem Pressecommuniqué nach eng Kéier en Appel fir sech un déi allgemeng Regelen ze halen an och fein a respektvoll mam Personal ëmzegoen. Deene Wënsch kann ee sech am Numm vum Delhaize a senge Mataarbechter nëmmen uschléissen!