Och wann d’Showroome vun de Losch-Garagen zou sinn, esou berode si Iech awer ganz gär iwwer Telefon an iwwer email.

Business RTL 8.4.2020

Och wann ee soll doheem bleiwen, esou ass et nawell och méiglech online en Auto ze kafen. D’Internetsäiten vu Losch Lëtzebuerg bidden Iech zum Beispill 24/7 déi komplett Produktinformatiounen an invitéieren Iech Ären Dramauto individuell no Äre Wënsch online ze konfiguréieren. Also esou ze soen „aus der Fotell hanner d’Steierrad!“ Hier Bestseller an der Kategorie vun de Kompaktween, de Volkswagen Golf 8, den Audi A3, de SEAT Leon an de ŠKODA Octavia an all déi aner Modeller waarden drop fir Är Liblingsfaarf an déi gewënscht Accessoiren ze kréien.

A wann Dir eventuell Froen hutt: meld Iech einfach bei hire Partneren. Och wann d’Showroome vun de Losch-Garagen zou sinn, esou berode si Iech awer ganz gär iwwer Telefon an iwwer email. Oder vläicht waart jo och scho genee dee richtigen Auto op Iech an deem grousse Choix vun deenen, déi si op Lager hunn, oder bei den Occasiounen? Déi kënnt Dir online zu interessante Präisser kafen an dann direkt dermat fueren, natierlech am Aklang mat den aktuelle Reglementatiounen. A well den Ament iwwerall Hänn gebraucht ginn, déi hëllefen, ënnerstëtzt Losch Lëtzebuerg déi „Lëtzebuerger Guiden a Scouten“ bei hirer Hëllefsaktioun a si hunn decidéiert regional Aktiounen an Organisatioune wéi „Picken Doheem“ a "Bionext", déi sech gesellschaftléch an desen Zäite vum Covid-19 engagéiere, mobil ze maachen a mat Gefierer ze equipéieren. Méi Informatioune fann Dir op www.losch.lu.