Bestellung iwwer Mail oder Facebook

Business RTL 10.4.2020

D’Nordstrooss Shopping Mile Marnach huet eng flott Aktioun lancéiert. An Zesummenaarbecht mam Restaurant Panorama Maarnech bidde si zum Beispill e gratis Akafservice fir d‘Flegepersonal vu méindes bis samsdes un, beim Bäcker Fonk, am Cactus a bei Naturata. Si brauchen einfach nëmmen an der Woch moies virun 9.00 Auer, oder freides owes virun 20.00 Auer fir Samsdes, eng Mail mat der Akafslëscht op info@nordstrooss.lu oder iwwer Facebook eran ze schécken an da kënnen si hir Commande no der Schicht am Klenge Maarnecher Bistro ewech huelen. De Maximalwäert vun enger Bestellung sin 200 € an Dir bezuelt mat der Kaart. Denkt drun Ären Numm, d‘Adress, d’Telefonsnummer, d‘Emailadress an natierlech den Datum an déi ongeféier Zäit, wou Dir Är Saache siche kommt, dran ze schreiwen. All weider Detailler fann Dir op nordstrooss.lu.

Wat de Shoppingzenter allgemeng ubelaangt sin de Cactus Marnach, d‘Post Telecom & Courrier, d’Bank Raiffeisen, d‘Optique Bley, d‘Bäckerei Fonk, Naturata, Total mam Shoppi, Boissons Heintz, d‘Haushëllef, Aldi, Action, Gesond.lu an d’Apdikt fir Iech op. D‘SNCT ass och op op Rendez-Vous a Boissons Heintz, d‘Librairie Zimmer, Bike & Run an de Babycenter hunn och en Onlineshop mat Livraisoun. An Ouschterméindeg ass just den Total Shoppi vun 9:00 bis 16:00 Auer fir Iech op. All aner Geschäfter vun der Nordstrooss Shopping Mile Marnach bleiwen dann zou!