Locatioun vu iwwléierten Appartementer, Studioen an Haiser fir Leit an Nout a Beschäftegter aus dem Gesondheetswiesen

Business RTL 17.4.2020

Am Esprit vu Solidaritéit hunn d‘Chambre Immobilière a vivi.lu elo Mesuren ergraff, fir Leit wärend dem Confinement bei der Sich no enger Noutwunneng ze hëllefen. Um Immobilieportal vivi.lu gouf esou bannent kuerzer Zäit en extra Beräich "Logements d‘urgence" ageriicht. D‘Chambre Immobilière, déi sech zanter 1971 fir d‘Ëmsetzung vu Mesuren, Promotiounen a Virschrëfte fir Immobilienagenten, Promoteuren a Syndicen asetzt, wëll esou mat senge Memberen en nëtzléche Beitrag fir d’Allgemengheet leeschten.

Leit an enger schwéierer Situatioun nët vergiessen an hinnen den Zougang zu enger Wunnéng ze erliichteren. Wärend dem Confinement ginn et vill Leit, déi blockéiert sinn, well se an en Haus oder Appartement sollte kommen an deenen d’Locatairen net eraus kommen. Anerer, wéi zum Beispill Beschäftegter aus dem Gesondheetswiesen, musse wéinst der aktueller sanitärer Kris e Logement, esou no ewéi méiglech, bei der Aarbechtsplaz kréien. vivi.lu hëlleft hinnen also fir all déi disponibel, miwwléiert Appartementer, Studioen an Haiser vun hire Memberen ze fannen. D’Dauer vum Loyer läit tescht enger an 8 Wochen, ofhängeg vun der Dauer vum Confinement. All Dag kommen nei Offeren op vivi.lu derbei.