Nach bis den 30.6. offréiere si all Client en Don au choix, fir Veräiner an Associatiounen an dëser schwiereger Zäit ze ënnerstëtzen

Business RTL 15.5.2020

Immobilientransaktioune brauche Vertrauen an dat fann Dir op www.confiance.lu. Dat ass den Internetsite vun der Agence Immobilière Abby Toussaint an do ass deen Numm Programm!

Si sinn Äre Vertrauenspartner zanter 1979, zu Miersch an zu Ettelbréck. Dir sidd op der Sich no enger Wunneng, engem Haus, Appartement oder Terrain? Fir de Kaf, de Verkaf, d’Promotioun, d’Locatioun, d’Gestion locative oder d’Estimatioun vun Immobilien? Fir do net engem Hai tëscht d’Zänn ze falen, muss ee schon e bëssen oppassen, wéi ee Partner ee sech sicht, fir en Haus oder Appartement ze kafen, ze verkafen, ze lounen oder ze verlounen! Bei der Agence Immobilière Abby Toussaint sidd Dir op der richteger Adress.

Grad och elo nom Confinement, wou si och hir sozial Oder weisen: si offréieren nämlech fir all neie Mandat (Locatioun oder Vente) nach bis den 30. Juni en Don fir Veräiner an Associatiounen an dëser schwiereger Zäit ze ënnerstëtzen, nom Choix vum Client. Méi Detailler ginn et op www.confiance.lu an op hir Facebook-Säit.