De Premium Shopping Center gouf als eenzegen “BREEAM excellent” zertifizéiert

RTL-Business 20.5.2020 13h15

Déi 130 Geschäfter aus dem Premium Shopping Center Cloche d’Or freeën sech neess iwwer Äre Besuch. An dat an aller Sécherheet, zanter der läschter Woch! Déi 130 Enseignen si jo wierklech derwäert, entdeckt ze ginn, a sinn och zum Deel exklusiv hei zu Lëtzebuerg.

Den Akafszenter Cloche d’Or selwer ass awer och schonn eleng e Besuch wäert: grouss Alléen, mat vill Raumgefill a Luucht, déi vun uewen a vun de Säiten era kënnt – ideal fir am aktuelle Kontext no Loscht a Laun an awer och mat der néideger Distanz ze shoppen.

D’Cloche d’Or huet dann och 5 Mesure getraff, fir d’Gesondheet vun hiere Mataarbechter an de Clienten ze schützen: d’Masque ass natierléch obligatoresch, mat der néideger, omnipräsenter awer sympatescher Beschëlderung, op 4 Plazen am Zenter kann ee sech d’Hänn mat Gel desinfizéieren, et gëtt eng Hotline an 3 Infopunkte fir all eventuell Fro an et gëtt natierlech intensiv gebotzt. D’Cloche d’Or huet och eng modern Technologie fir d’Visiteuren am “real time” ze zielen an esou déi sozial Distanzen ze geréieren.

De Premium Shopping Center ass och deen Eenzegen, dee op der  gouf, fir hiren Engagement fir de Mënsch an d’Ëmwelt. An da leeft och nach eng flott Aktioun: bis de 6. Juni kënnt Dir nach de komplette Remboursement vun Äre Keef gewannen, niewt flotten Iweraschungen an Äre Cloche d’Or-Geschäfter!

Kuckt och op www.clochedor-shopping.lu