Vun 99 € Aller-Retour un, alles abegraff, ouni Supplément an am Respekt vun alle sanitäre Mesuren!

RTL-Business 20.5.2020 13h15

D’Luxair war jo am Mäerz déi läscht Fluggesellschaft, déi hier Vole virleefeg gestoppt hat, nodeeems si all hier Clienten rapatriéiert hat. Elo si si dann och déi éischt, déi neess Vole vum Findel aus fir d’Passagéier aus der Groussregioun proposéieren: vum Freideg 29. Mee un, also pünktlech fir d’Päischtvakanz, flitt d’Luxair erëm op 5 Destinatiounen: Stockholm, Porto, Lissabon, Hamburg (iwwer Saarbrécken) a München.

Lues a lues kommen dann och nach déi aner Destinatiounen neess derbei – zum Beispill proposéiert LuxairTours vum 31.5. un och neess Faro an der portugisescher Algarve!

Enger ganzer Vakanz oder engem Citytrip an eng schéi Stad steet also näischt méi am Wee, an dat vun 99 € Aller-Retour un, alles abegraff, ouni Supplément an am Respekt vun alle sanitäre Mesuren. Heifir gouf och am Intérêt vum Client a vun de Passagéier en detailléierte Cahier des Charges ausgeschafft, deen een och online ka kucken.

Doniewt garantéiere Luxair a LuxairTours och eng maximal Flexibilitéit bei all Reservatioun.

Reservéiert elo op www.luxair.lu.