Doniewt ginn et der och fir den Apéritif an den Digestif

Business RTL 27.5.2020

Wengler Châteaux & Domaines huet hir “Wine boxes” lancéiert. D’Famill Wengler vu Rouspert huet jo en immens grousse Choix an excellente Wäiner aus deene beschte Regiounen aus aller Welt. Do ass et nët einfach den Iwwerbléck ze behalen.

Déi nei Wäikëschte sinn duerfir eng originell Iddi fir der esouvill wéi méiglech kennen ze léieren. An hiren zwou “discovery & signature selection” sinn nämlech eng ganz Rëtsch vu coups de coeur vun hire Sommelieren, mat engem excellente Präis-Leeschtungsverhältnis. An all “Wine box” ass en Trio vu Fläsche mat fruuchtege, rénge Wäiner, ideal fir sech derduerch ze schmaachen, bei all Geleeënheet.

Doniewt ginn et och Aperoboxen, mat liichte Cocktaile mat Gin, Vermouth, Prosecco oder aromatiséiertem Vodka. An dann och Cocktaile fir nom Iessen an der “digestifbox”, mat Whisky, Rhum oder Tequila. Surft emol op box.wengler.lu a sicht Iech déi eraus, déi Ärem Goût am meeschten entsprécht, oder eng fir ze verschenken! Deen, deen déi Box kritt, spréngt bestëmmt vu Freed aus der Këscht!