“Beats Made in Luxembourg” vun deene beschten DJen

Business RTL 27.5.2020

Webtaxi huet d’Aktioun “Feel The Beat Sessions” lancéiert fir d’Akteuren aus dem Lëtzebuerger Nuetsliewen ze ënnerstëtzen. Webtaxi ass jo den Taxi-Service vu Voyages Emile Weber an elo, 2 Méint nom Lockdown, hu si sech mat deene beléifsten Djen aus dem Land zesumme gedo, fir d’Plattform “Feel The Beat Sessions” an d’Liewen ze ruffen.

Op der speziell crééierter Internetsäit beats.webtaxi.lu si “live sessions” vun den DJen am Streaming. Dat ass dann och elo déi ideal Plaz, fir digital Evenementer ze promoten, esou laang se physesch nach net méiglech sinn. E speziellen Accent gëtt op “Beats Made in Luxembourg” geluegt fir eis lokal Szen speziell erfir ze hiewen. Déi Initiativ ass komplett gratis an zougänglech fir all DJ, dee Loscht huet matzemaachen. En einfache Mail op info@webtaxi.lu geet schonn duer.

Mam DJ DEE!, dem Flex Diamond an dem DJ Bisi huet WEBTAXI scho fir unzefänken 3 vun de beléiwste Lëtzebuerger Discjockeyen u Bord. “Feel The Beat Sessions” kann natierlech d’Live-Ambiance vum Nightlife net ersetzen, mee beats.webtaxi.lu verspreet awer positive vibes bis dass d’Danzpisten dann neess kënnen opgoen