An dat vum 2.6. un zu den normalen Ouvertureszäiten

RTL-Business 29.5.2020 13h15

An der City Concorde sinn d’Restauranten neess op. Si freeën sech d’Clienten erëm ze gesinn a kulinaresch ze verwinnen, natierlech mat allen néidege Sécherheetsmesuren.

Eat Local, zesumme mat Safe Shopping: bei deem schéine Wieder sinn d'Terrassen an der City Concorde natierlech schonn eleng e Besuch wäert! Cocottes, MausKaffi a besonnesch d'Terrasse vun der Sky Bar um 2. Stack mat där herrlecher Vue an all Himmelsrichtung!

A fir all déi sportlech Gäscht: den CK Fitness um 2. Stack ass och vun haut un neess op. De City Concorde Lifestyle Center ass vum 2. Juni un dann och neess zu den normalen Zäite fir Iech op: vu méindes bis samsdes vun 10h00 bis 19h00, de bram vun 9h00 bis 19h00 an de Cora vun 8h00 bis 20h00 a freides esouguer bis 21h00.

Denkt och un hir Chèques Cadeaux, déi Dir no Äre Wënsch kënnt zesumme stellen, well Mammendag ass jo schonn de 14.6.

A wann Dir owes um 17h30 do sidd, dann héiert Dir de Klassiker “We are the Champions” vu Queen, mat deem de Lifestyle-Center esouwuel hierem Personal wëll Merci ze soen - et schaffen iwwer 1250 Leit an der Concorde -, awer och hiere Clienten, déi hinnen och elo trei bliwwe sinn a bleiwen.

Den Detail fann Dir op concorde.lu.