Dat erfrëschend Gedrénks aus der Schwäiz

RTL-Business 29.5.2020 13h15

Et gi gutt Neiegkeete vun engem Produkt mat Schwäizer Wuerzelen, dat et och scho bal 60 Joer hei zu Lëtzebuerg gëtt. Rieds geet natierlech vu Rivella!

D’Geschicht vum Erfolleg vun deem beléifte Gedrénks geet op 1952 zeréck, wou et dem Robert Barth, Grënner vun der Firma, fir d’éischte Kéier gelongen ass, e Gedrénks op Basis vum Mëllechserum hierzestellen. Dat ass déi Flëssegkeet, déi Rescht bleift, wann een d’Mëllech vun de Proteinnen an de Fetter trennt. D’Vitaminnen an d’Mineralsalzer bleiwen also beim Rivella nach ëmmer dran.

Den Numm Rivella kënnt aus dem Italieneschen “Rivellaszione” (Offenbarung). Déi eenzegaarteg Zesummesetzung, de feine Geschmaach an den agreabele Gehalt u Kuelesaier maache Rivella zu engem erfrëschende Gedrénks. Ideal fir all Geleeënheeten, ob an der Fräizäit, wärend de Moolzechten oder géint den Duuscht beim Sport.

Rivella kritt een a 5 verschiddenen Zorten: Nieft dem “Original” gëtt et zanter 1959 Rivella an enger “Light”-Variant. 1999 koum Rivella mat Extrakten aus gréngem Téi derbäi an déi neist Innovatioune sinn elo Rivella Refresh (mat 40% manner Zocker an 100% natierlech) a Rivella Elderflower, delikat aromatiséiert. Den eenzegaartege Geschmaach vum Rivella kënnt duerch eng geheim Mëschung vu Friichten a Planzen, ouni Konservéierungs- a Faarfstoffer. Eng Erfrëschung, déi Iech direkt mat an d’Bierger hëlt an ideal ass fir bei deem herrleche Wieder ze genéissen.