D'Besoine vum Client stinn am Virdergrond.

No ville Renovatiouns- a Moderniséierungsaarbechte begréisst de Supermarché Delhaize op der Schmëtt seng Clientë vun elo un an engem nach méi schéinen an agreabele Kader.

Fir dat neit Konzept op der Schmëtt auszeschaffen, huet Delhaize sech virun allem un d’Besoine vun de Clienten ugepasst, déi am Virfeld scho konnten u verschiddenen Ëmfroe deelhuelen an hir Meenung soen. Doropshi krut de Supermarché e komplett neie Look, bei deem Bequeemlechkeet, Inspiratioun an Innovatioun am Virdergrond stinn.

An anere Wierder et dréint sech alles em d’Wuelbefanne vum Client an eng gelongen Akafsexperienz ! Dat geet vun der Beliichtung, iwwer d’Plaz bis bei nei ausgewielten Assortimenter mam Fokus op gesond, regional a qualitativ Produiten, an dat op ganzer 3.450m2 mat net manner ewéi 1200 Parkplazen.

Ganz nei sinn ënner arem och den Apero Corner mat saisonalen Tapas, eng hauseegene Bäckerei, e Stand mat fäerdege Platen fir matzehuelen oder op der Plaz z’iessen, Liewensmëttel déi net agepaakt sinn a stoffen Akafstute fir d’Ëmwelt ze schounen, eng vergréissert Gamme u lokale Produiten, a villes méi!

Wann dir also och elo Loscht huet op en entspaant shoppen an engem fonkelneien a moderne Kader, dann näischt ewéi lass bis an den Delhaize op der Schmëtt. Méi Info an d’Horairen op delhaize.lu

26/06/2020 Business News