Och mat Unisformatiounen

Viru 50 Joer ugefaange mat den éischten Owescoursen, gi beim Luxembourg Lifelong Learning Centre mëttlerweil 255 verschidde Modullen ugebueden zum Beispill an der Informatik, Droit, Marketing, Gestioun an nach vill méi.

Dës gi meeschtens Owes a Lycéeë gehalen, mee och den LLLC geet hei mat der Zäit, a bitt fir d’Rentrée eng Ronn 60 Coursen, Online an am a Blended-Learning un. Blended-Learning ass eng Mëschung tëscht Presenz an Onlinecoursen.

Och Unisformatioune bitt de Luxembourg Lifelong Learning Centre un an dëst an Zesummenaarbecht mat renomméierten Universitéiten.

Dës Masteren oder Bachloren daueren tëscht 18 Méint an 2 Joer.

De ganzen Detail fannt Dir och op www.lllc.lu a mir haten se och bei eisem Wousst der schonn am Interview.

11/09/2020 Business News