E Konschtwierk an der Loft

Vun elo u kënne mer d’Passagéiermaschinn De Havilland Q400 am faarwegen Urban-Art-Look entdecken. Ganz nom Motto "The Art of Travelling", also d’Konscht vum Reesen, ass dës Passagéiermaschinn vum Lëtzebuerger Kënschtler Sumo an e Konschtwierk verwandelt ginn.

Den Donneschden konnt een d’Maschinn da fir déi éischte Kéier an der Loft an hirem neie Kleed gesinn. A wéi scho bei der Boeing, weist och den zweete Fliger sech net nëmme vu baussen am neie Sumo Design, ma och banne fënnt een ëmmer nees eenzel Elementer vum bekannte Kënschtler erëm.

Eng Aktioun déi e bësse Faarf a Freed an eisen Alldag brénge soll, esou de Wonsch vun der Luxair an natierlech och vum Kënschtler. A mir wënschen op alle Fall elo scho vill Spaass bei ärer nächster Rees mat der Luxair.

16/10/2020 Business News