Entdeckt den neien Drive-In Service an d'Formule "Lët'z Wok" fir ganz einfach selwer ze kachen.

17/02/2021 Business

Zanter 2017 gëtt et dës Online-Bestellplatform schonn. Easycooking.lu funktionéiert als Supermarché fir frësch Liewensmëttel, dat sinn z.B Platen déi frësch gekacht sinn an da brauch een se just bei sech doheem waarm ze maachen. Dat Flott ass, datt ee sech ka gratis beliwwere loossen.

Ganz nei ass lo och d’Optioun Drive-In mat kuerzen Delaie fir virzebestelle, wou Dir einfach op der Cap beim Traiteur Paul Eischen laanschtfuert an ouni erauszeklammen alles direkt an den Auto kritt.

Wann ee wëll selwer kachen an ee sech d’Liewen awer wëll einfach maachen, kann een och virpreparéiert Kach-Kite bestellen. Dat geet op der Internetsäit, ënnert der neier Rubrik Lët’s Wok. Dat ganzt ass ganz iwwersiichtlech mat Fotoen opgebaut an et gi souguer Kachvideoen dobäi. Do ka lo jiddereen zum Kichechef ginn.

Är Bestellung kënnt Dir direkt op easycooking.lu maachen!