Trotz Confinement huet de Grupp d'Modernisatioun vun hirem IT System mat Bravour ofgeschloss.

07/04/2021 Business

Telindus gehéiert zum Proximus Grupp an ass zoustänneg fir de professionelle Marché zu Lëtzebuerg. Iwwert si huet Degroof Petercam schonn Enn 2019 den ambitiéise Projet gestart hiren IT Beräich duerch an duerch ze moderniséieren:

Hire System gouf an eng Cloud integréiert, Programmer an d’Verschaffe vun Donnéeë gouf weiderentwéckelt an d’Sécherheet gouf op de leschte Stand gesat.

Dat Ganzt huet dann och quasi ee ganzt Joer gedauert. De Confinement war bei der Ëmsetzung e weideren Challenge, deen hir Equipen an der Belge an zu Lëtzebuerg mat Erfolleg gemeeschtert hunn.

Dank Proximus/Telindus profitéiert de Finanzgrupp Degroof Petercam ab elo vun enger modernster digitaler Infrastruktur an engem IT Support rondrëm d’Auer. Zousätzlech goufen honnerten al Serveren op méi ëmweltfrëndlech extern Serveren zu Lëtzebuerg verluecht.

Méi Infoen op degroofpetercam.lu, telindus.lu, proximus.lu