Och an Zukunft wäert d'Konzept d'Emwelt ze schounen ausgebaut ginn.

07/04/2021 Business

D’Stëftung Hëllef Doheem ass eng vun 20 Entreprisen, déi de neie Label „Stroum beweegt“ däerf droen. Si ware vun Ufank un dobäi bei dëser Initiative vum Energie- Transport, an Ëmweltministère.

De Label zeechent Entreprise mat engem Elektromobilitéitsprojet aus. Fir d’Stëftung Hëllef Doheem bestoung dee Projet dodran 14 kleng a flexibel Elektroautoen a Ballungsgebidder an den Asaz ze bréngen a Bornen an hiren Zentren opzehänken.

D’Zil ass et Ressourcen ze schounen an Emissiounen ze reduzéieren. Doriwwer eraus ass en zousätzleche Bonus fir d’Fleegepersonal ass datt d’Parken mat deene neien Autoe méi einfach gëtt.

Am Sënn vun der Visioun “jiddereen doheem kënnen ze versuergen“ an “eis Ëmwelt ze schounen“ wäert de Projet an Zukunft och nach ausgebaut ginn.

Méi Informatiounen fannt Dir op shd.lu