Op zu Fouss, mam Vëlo oder mam E-Bike

09/04/2021 Business

Sightseeing.lu gehéiert zum Grupp Moyocci aus dem Grupp Sales-Lentz an ass déi nei Online Plattform mat engem ganze Koup Offeren a Fräizäitaktivitéiten.D’Offer reeche vum Wandertour, iwwert Vëlo an E-Bike Tour duerch d’Stad.
De Plus ass awer datt een Audioguiden a 5 Sprooche kritt, et kann een also och Famill a Frënn aus dem Ausland alles erklären oder soll ech vläicht besser soen erkläre loossen.
Lo frot der iech bestëmmt: Wéi funktionéiert dat Ganz?
Et ass kannerliicht, et geet an 3 Schrëtt:
Dir kaaft den Tour oder d’Aktivitéit online op sightseeing.lu.
Dir luet d’App erof.
Dir scannt de QR Code a luet den Tour erof.
Da stinn iech Texter, déi Audioguide a 5 Sproochen a villes méi zur Verfügung.
Et ginn och Toure mat Entréeë fir d’Muséeë proposéiert oder Hop on Hop off, Péitruss Express oder firwat net en Tour mam Cabrio Bus duerch d’Land, dat ass e flotten Dagesausfluch deen duerch de Mëllerdall bis op Veianen an zeréck geet an dat mat Guide, Visitten a Spadséiergäng.
Dir kennt dës Produiten esouguer am Offline modus maachen, doheem eroflueden an an der Stad lauschteren ouni Dateverbrauch.
Den Ament fannt der 4 Walkingtoure wat Spadséiergäng sinn duerch d’Stat mat 101 Points of interest an enger Gesamtlängt vun 18 km, mat de beschte Point de Vue’en fir Fotoen oder Selfien ze maachen.
De Museeëstour hat ech ugeschwat: Walk the (s)mile heescht deen an ass en Tour mat 34 Points of interest, plus minus 2 Stonnen dauert en, huet 6 km an d’Entréeë fir an d’Muséeën si mat am Präis dran.
D’Präisser fir déi verschidden Aktivitéite gi bei 5,99€ un.
Dir gesitt: d’Offer ass risegrouss an et ass fir jiddereen eppes derbäi op elo eleng oder an der Famill..esou kennt keng Langweil op.
Méi Info op sightseeing.lu.