100% natierlech Aromen, och ouni Konservéierungs- a Faarfstoffer

Business RTL 23.4.2021

Rivella gëtt et och elo mam Goût Pamplemousse. Dat beléift schwäizer Nationalgedrénks gëtt et jo schonn zanter 1952 an der Schwäiz an zanter bal 60 Joer hei zu Lëtzebuerg. De Robert Barth huet dat eenzegaartegt Rezept vu Rivella – den Numm kënnt aus dem Italienesche „Rivellazione“ – op Basis vun natierlechem Wässeg produzéiert. Hei sinn also d’Vitaminnen an d’Mineralsalzer aus der Mëllech nach dran.

Gutt kal gedronk erfrëschen déi 5 Zorte Rivella dat ganzt Joer, sief et mam originelle Geschmaach oder mat Fruuchtzousaz, light, mat grengem Téi oder an der Versioun Refresh. Zanter e puer Woche gouf elo d’Variant mat Hielenner duerch eng mat Pamplemousse ersat.

D‘50cl-PET-Fläsch huet nëmmen 19 Kalorien op 100 ml (47% manner Zocker wéi am roude Rivella) an et sinn och keng zousätzlech séiss Stoffer oder Stevia dran. Also nëmmen zu 100% natierlech Aromen, och ouni Konservéierungs- a Faarfstoffer. Rivella Pamplemousse gëtt et elo an deene meeschte Supermarcheeën an a verschiddenen Drinkshops uechter d’Land.

Méi Detailler fannt Dir op rivella.ch.