Maacht mat beim attraktive Concours

RTL-Business 28.4.2021

D‘fair Mëllech an de BERDORFER Kéis hunn e flott Gewënnspill lancéiert an dat am Kader vum 10. Anniversaire vun der fairer Mëllech. 2011 hu sech 48 lëtzebuergesch Mëllechbauerebetriber an der Genossenschaft Fairkoperativ (FKL) regroupéiert a mat „D’Fair Mëllech“ eng eege Mark gegrënnt.

Zanterhier huet de Konsument also d’Méiglechkeet, si op direktem Wee ze ënnerstëtzen: 10 Cent pro verkaaftem Liter Mëllech ginn direkt un de Produzent an esou kann de reguläre, vill ze vill déiwe Mëllechpräis fair opgestockt ginn. D’fair Mëllech gëtt et als frësch Mëllech, als UHT, Schockelasmëllech, Botter, Ram, Glace, Kéis a Jugurt.

Fir den 10. Gebuertsdag mat hirer Clientèle ze feieren, invitéiere si den Ament op e grousse Concours mat der Ënnerstëtzung vum Natur- & Geopark Mëllerdall an dem Office Régional du Tourisme vun der Regioun Mëllerdall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz. Wann Dir bis den 31. Mee 2021 am Buttek vun Ärem Choix „D‘fair Mёllech“ oder/a „BERDORFER“ Produkter am Wäert vun op mannst 25 € kaaft, kënnt Dir den oder déi Keesenticket(e) mat Ärem Numm an Ärer Telefonsnummer un “D‘fair Mëllech“ schécken an d’Gewënner vun am Ganzen iwwer 300 Bongen ginn dann am Kader vun der Foire agricole ugangs Juli ausgeloust.

All d’Detailler fannt Dir op fairmellech.lu.