Dubai mat der Weltausstellung och am Hierscht am Programm!

De Summer ka kommen – d’Luxair ass prett. An dat mat direkt e puer neien Destinatiounen.

Vum 5. Juli bis den 13. September proposéiert eis national Fluggesellschaft zum Beispill all Donneschdeg en Dräiecksvol op déi zwou charmant griichesch Insele Mykonos a Santorini mat am Ganzen net manner ewéi 21 Hoteller. D’Insel Sal um Cap Vert gëtt och elo nees vu Juni bis Oktober all Dënschdeg ugeflunn. LuxairTours bitt dann och nach Tunis, Tivat, Podgorica an Thessaloniki als nei Destinatiounen ënnert deenen am ganze 50 a 16 verschiddene Länner un.

Bei der Airline sinn et 34 Destinatiounen an 18 Länner an nei sinn hei La Rochelle, Toulon, Usedom, Bologna, Dubai, Bukarest, Krakau, Oslo, Belgrad a Rostock. Dat mécht also elo am Ganze 85 verschidden Destinatioune fir 2021.

An nom grousse Succès vun Dubai déi lescht Wochen, huet d‘Luxair och elo schonn decidéiert dat arabescht Emirat vum 30. September u fir den Hierscht an de Wanter mat der Weltausstellung unzebidden.

Fir dee gréisste Choix ze hunn, Rendez-vous an Ärem Reesbüro, op luxair.lu an op luxairtours.lu.