La Grande Épicerie Massen esouguer scho vu moies um 9.00 bis 18.00.

Business RTL 30.4.2021

Den Dag vun der Aarbecht kann ee muer ënner anerem notze fir e relaxe Shopping am Norde vum Land.

De Shopping Center Massen op der Wemperhaart ass um 1. Mee nämlech och vu moies 10.00 bis owes 18.00 Auer fir Iech op a La Grande Épicerie Massen esouguer scho vu moies um 9.00 bis 18.00. Entdeckt zum Beispill hiren eenzegaartege Whisky-Rayon a flanéiert duerch d‘Galerie an de PARC Massen. Och hir Terrassen sinn um 1. Mee bis 18.00 Auer fir Iech op.
E puer weider gutt Grënn fir e flotten Ausflug an den Norden: den Traiteur Massen huet attraktiv Offere fir Mammendag, déi Dir dann do scho kënnt reservéieren, bei jbc ginn et 40% Remise um deiersten Artikel, deen Dir kaaft, am Drink-Center gëtt et en Holzkuelgrill ze gewannen am Kader vun den 150 Joer Diekirch an an der Epicerie kënnt Dir vu super Promoe profitéieren an den neie Bio Glüx Punch Gin vu Walcher schmaachen.

De Shopping Center Massen an hir Geschäftsleit aus der M Galerie freeë sech op Äre Besuch a wéi heescht et esou schéin: Massen – enjoy shopping!