Automotonordstad vertrieden zesummen iwwer 25 Marken.

Business 14.05.2021

Schonn 1989 hunn sech d’Garagisten aus dem Norden zesummegedoen an zanter 5 Joer sinn se bekannt ënnert der Mark Automotonordstad. Fir hir Clienten huet dat de Virdeel datt si méi wéi 25 Marke vertrieden an esou een zolitte Choix um lëtzebuerger Autosmarché kënne bidden. Dobäi zeechnen sech d’Partnergaragen duerch e gudden Accueil, d‘Passioun fir den Auto an déi bescht Präisser aus.

De Stéchdatum fir hei ze profitéieren ass dëse Weekend, 15. a 16. Mee vun 10 – 6 Auer: den Automotonordstad Occasiounsmaart an den Däichwisen. Bei all verkaaften Auto kritt een en Tankbong dobäi a beim Gewënnspill gëtt nach 2 Mol en Tankbong vu 500 € verloust.
All d’Garagisten déi matmaache fannt Dir op automotonordstad.lu.