Oppene Sonndeg a Päischtméindeg bei sëllege Lëtzebuerger Wënzer.

19/05/2021 Business News

Dëse Weekend den 23. a 24. Mee luede Visit Moselle a Kollaboratioun mam Fonds de Solidarité Viticole op déi 8. Editioun vum Wine Taste Enjoy an. Dëst Joer fënnt dat an engem besse méi liichte Format statt an am Respekt vun de sanitaire Mesuren.

De Wine Taste Enjoy vun dësem Joer leeft vun 11 - 6 Auer, mat bis 4 Leit pro Dësch bei de 26 Wënzer déi matmaachen. Als Spezialaktioun kënnt Dir och Wäinpackage fir doheem bestellen a bei Ärem Liblingswënzer ofhuelen. Nieft hirem neie Logo gouf och eng BrowserApp entwéckelt. Hei kann een sech iwwert déi verschidde Wënzer informéieren a seng Favoritten déi ee wëll besichen op der Kaart ofspäicheren.

All d'Informatiounen zum Programm a wéi eng Wënzer dobäi si fannt Dir op wte.visitmoselle-event.lu