Mam negativem Test kënnt Dir och mat rouegem Gewëssen an ee vun hire Restaurante goen.

19/05/2021 Business News

Als neie Service um Client proposéiert d'City Concorde säit dëser Woch eng Covid19 Teststatioun, déi vun der Firma Ecocare geréiert gëtt.

Vu méindes bis samschdes kënnt Dir ouni Ordonnance an ouni Rendez-vous Ären Test maache goen. D'Ëffnungszäite sinn:
Méindes: vun 11:00 - 16:00
Dënschdes bis samschdes 10h00 - 15h00

Et huet een d'Wiel tëschent dräi verschidden, zertifiéierten Tester :
- e PCR Test deen 72 Stonne gëlteg ass
- en Antigen Schnelltest deen 24 Stonne gëlteg ass
- oder en Antigen Autotest deen och 24 Stonne gëlteg ass.

Mat engem negativen Test kann een dann och zum Beispill an ee vun de ville Restaurante vun der Concorde iesse goen!
Fir méi Infoen zu den Tester an de Präisser gitt op concorde.lu