Nach méi Avantage wéi mat där Kaart virdrun!

RTL-Business 21.5.2021

Den Delhaize huet des Woch seng nei Clientskaart virgestallt an dat an der Persoun vum neie Country Director, Cédric Gonnet, deen d’Geschécker vum Supermarché bei am Land zanter 5 Méint leed an d’Land nawell gutt kennt aus senger fréierer berufflecher Carrière.

Hie fänkt dann och gläich mat enger super Neiegkeet un – déi nei Clientskaart SuperPlus ersetzt elo déi al an dat aus engem gudde Grond: fir déi gesond Produkter aus der Gamme vun Delhaize an de Mëttelpunkt ze stellen

Des Ënnerstëtzung vun deene gesonde Produkter ass dann och e wichtege Pilier vun der allgemenger Strategie vum Delhaize a senge 55 Geschäfter hei zu Lëtzebuerg.

Frot also an Ärem Delhaize no der neier Clientskaart Super Plus, e.a. vläicht och an dee fonkelneie Proxy Delhaize zu Gaasperech, dee gëschter seng Diren opgemaach huet.

Méi Informatioune kritt Dir och op delhaize.lu