Fir den Ament just an der 25cl-Fläsch am Horeca

RTL-Business 26.5.2021

Lodyss, d’Mineralwaasser aus der Äiszäit, gëtt et och elo neierdéngs gutt spruddeleg. Dat Käerjenger Waasser gëtt et jo schonn an de Versiounen „Natierlech“ a „Liicht spruddeleg“ an elo kënnt dann eng 3. Variant derbäi: Lodyss Spruddeleg mat 6 Gramm CO2 pro Liter.

Ideal also fir all d’Frënn vun Haut-de-Gamme Cocktailer a fir d’Amateure vu ville Bullen am Glas. Esou wéi déi ganz Gamme vu Lodyss huet och déi spruddeleg Versioun nëmme wéineg Sodium a guer keng Nitrater. D’Waasser aus der Äiszäit vu virun 30.000 Joer kënnt jo aus 317 Meter déift an ass duerfir esou reng a gutt verdaulech.

Lodyss bleift sech och trei a punkto Ëmweltfrëndlechkeet an Nohaltegkeet: déi nei spruddeleg Versioun gëtt et och nëmme grad esou wéi déi zwou aner an der consignéierter gliese Fläsch, fir unzefänken emol just nëmmen an der 25cl-Fläsch am Horeca-Secteur. Déi 3 Zorte sinn och liicht ze ënnerscheeden: bei Lodyss natierlech, ouni Kuelesaier, sinn Etikett a Stopp rout, bei Lodyss liicht spruddeleg blo a beim neie Lodyss spruddeleg gréng.