E « Velouté de pois chiches et lentilles saveur orientale », eng « Crème de chicons » an e « Velouté de patates douces ».

RTL-Business 26.5.2021

Den Traiteur Schnékert huet elo eng nei Gamme vun Zoppe lancéiert. Eng gutt Zopp kënnt jo ëmmer gutt an net nëmmen am Wanter, mee och soss, zum Beispill als Belounung no enger gudder Wanderung. Den Traiteur Schnékert huet eng grouss Gamme vun ultra-frëschen Zoppen, déi an hirem Atelier um Wandhaff mat 1A Produkter, wa méiglech vun heiheem, gekacht ginn. Fir se esou gutt am Goût an esou frësch ewéi méiglech ze hale gi se nom Kache ganz séier gekillt, ofgefëllt an an déi eenzel Cactus-Geschäfter verschéckt.

Nieft deene klassesche Rezepter wéi der Tomatenzopp mat Räis, der Kürbiszopp oder der  Bouneschlupp, huet den Traiteur Schnékert och elo eng ganz nei vegetaresch Gamme lancéiert. Déi 3 nei Rezepter verbannen déi traditionell Kiche mat där moderner, mat engem « Velouté de pois chiches et lentilles saveur orientale », enger « Crème de chicons » an engem « Velouté de patates douces ».

Schmaacht Iech derduerch a fannt Äre Favorit, zu deene jo souwisou ëmmer um Enn vum Joer dem Schnékert seng excellent Bisque de Homard gehéiert. Gudden Appetit !