En neien Internetsite an en neie, moderne Look fir de Magazine

RTL-Business 2.6.2021

Dësen Dënschdeg 1.6.2021 war e wichtegen Dag fir d’Belle Etoile: Den Akaafszenter um Tossebierg krut no 2014 eng nei, modern corporate identity.

BE welcome, BE fashion, BE Inspired, BE unique, BE yourself... sinn nëmmen e puer vun den Declinaisoune vun engem Logo, deen natierlech iwwerall muss ersat ginn – dat ass schonn e groussen Opwand.

No der gezwongener Rou an den 105 Geschäfter zitt et déi lescht Wochen nees gutt un an d’Belle Etoile wier net d’Belle Etoile, wa si déi nei visuell Identitéit net géife vum 3. bis de 5. Juni mat hire Cliente feieren.

Profitéiert dervun a wann Dir méi wëllt wëssen an deen neie Logo entdecken, da surft op belle-etoile.lu oder nach méi einfach an natierlech och elo ganz nei: op be.lu!