Super Promoen an e grousse Choix u frësche lokale Produiten!

Auchan Drive ass ewell zanter 10 Joer um lëtzebuergesche Marché. 10 Joer an deenen d'Mataarbechter hire Clienten d'Akafen erliichteren. An elo ass d'Mark um Wee Leader am E-Commerce vu Liewensmëttel ze ginn.

Am Auchan Drive fannt Dir och e grousse Choix u frëschen a lokale Produiten an och all Woch eng Breed Palette u gudde Promotiounen!

D'Situatioun vun de leschte Méint huet dozou bäigedroen, dass ëmmer méi Leit vun dëser Optioun profitéiert hunn. En impeccabele Prozess, staark Motivatioun, gudden Zesummenhalt a Professionalitéit vun de Mataarbechter hunn dës Experienz verstäerkt.

En Service dee vill gefrot war, an elo zesumme mam Partner Michel Greco agefouert gouf, ass en Liwwerservice, deen Iech alles gemittlech Heem bréngt.

Dëse Service ass ewell am Süde vum Land vertrueden. Ma Auchan Drive setzt alles drun dëse Reseau auszebreeden an all de Clienten am Lëtzebuerger Land dëse Service unzebidden.

Kuckt och op auchandrive.lu.

Business News - Auchan Drive - Freideg 04/06/2021