Iwwer 2.000 zefridde Clienten

RTL-Business 11.6.2021

CLK Constructions feiert 40 Joer! Zanter 1981 huet dee Lëtzebuerger Traditiounsbetrib vu Mäerzeg 2.000 Haiser hei am Land gebaut, a ville Leit domat e waarmt, neit, modernt Doheem ginn.

Am Betrib schaffen haut 130 professionell a motivéiert Mataarbechter. Waren et viru 40 Joer de Bläistëft an de Lineal, gëtt haut alles digital an am 3D geplangt, fir dass de Client scho ganz realistesch a säi Projet dauche kann. Fir hir gutt Aarbecht gouf CLK e.a. mat de Labelen Energie fir Zukunft, Made in Luxembourg, Artisan Maison Passive, Superdreckskëscht a Service Plus belount.

CLK huet och privilegiéiert Relatioune mat de Banken, e.a. mat der Spuerkeess. Am fonkelneie Gebai zu Mäerzeg erwaart Iech och e Showroom vun 950m2. Mir wënschen dem Brigitte, dem Sophie an der ganzer Beleegschaft vun CLK alles Guddes fir de 40. an op mannst nach 40 grad esou erfollegräich Joer derbäi, mat grad esou vill zefriddene Clienten!