4 Hightech synthetesch Terraine mat enger flotter Brasserie

RTL-Business 11.6.2021

Haut fänkt jo d’Fussball-Europameeschterschaft un an et wëll ee jo d’Ambiance esou gutt wéi méiglech matkréie, wann ee scho selwer net am Stadion ka sinn.

A wou kéint een dat also besser maache wéi um Fussballterrain an zwar an där eenzeger, renger Fussballshal hei am Land: am „The Loft“ zu Konter am Zoning. Do erwaarden Iech 4 Hightech synthetesch Terraine mat enger flotter Brasserie an enger grousser Terrasse fir bei engem gudde Maufel an engem sëffege Patt kee Gol vun der EURO 2020 ze verpassen.

Op den Terraine ka 5 géint 5 eng Stonn Fussball gespillt ginn, sief et als Veräiner, Schoule, Betriber oder ënnert private Leit. Keen anere wéi de Miralem Pjanic ass iwwregens offiziellen Ambassadeur vu „The Loft“.

Weider Infoe fannt Dir op the-loft.lu