Developpement vun Internetsitten, digitale Marketing an online Visibilitéit, visuell Identitéit an allerlee Kommunikatiounssupporten

RTL-Business 11.6.2021

Yellow stellt sech nei op. Aus dem Portail Yellow.lu gëtt elo einfach d’Produkt Yellow, mat enger neier Direktioun an innovative Marketingsolutiounen.

Déi national Kommunikatiounsagence proposéieren e Service sur-mesure, dee laut de Responsabele vu Yellow, ze deier ass fir kleng a mëttel Betriber. Hinne wëll de CEO David Gavroy mat senger Equipe hëllefen. Hie viséiert hei haaptsächlech déi kleng Restauratioun, de Secteur paramédical an d’Handwierk.

Déi giel an déi wäiss Säite sinn also net méi d’Yellow-Kärgeschäft, mee alles dréint sech elo ronderëm 4 Marketingpilieren: den Developpement vun Internetsitten, den digitale Marketing an online Visibilitéit, visuell Identitéit an allerlee Kommunikatiounssupporten. Alles am Sënn fir dass de Betrib besser opfält. Esou gëtt e professionelle Marketing fir jiddereen zougänglech an de Partner gëtt Hand an Hand begleet. Formatioune kommen nach no! Heifir ass Yellow och mam gudde Beispill vir gaang an huet sech selwer och eng nei visuell Identitéit ginn.

Entdeckt se, mat alle Servicer an der Lancementsoffer Freemium op yellow.lu.