Bis zu 8 Leit kënnen an engem Vertrag verséchert ginn.

RTL-Business 18.6.2021

Den ACL huet online Reesversécherunge erausbreucht, zesumme mat der Bâloise. Den Automobil Club bitt senge Memberen zwou interessant Formullen: eng Assurance Annulation an eng Gepäckversécherung, ganz flexibel fir e ganzt Joer oder fir e bestëmmten Zäitraum.

Déi kënnen an e puer Klicken online oder am Guichet zu Bartreng ofgeschloss ginn, zum beschte Präis. D’Membere kënne sech entweder fir déi eng oder déi aner entscheeden, oder béid Assurance kombinéieren. An der Assurance Annulation ass een am Fall vu Krankheet (inklusiv Covid-19), Kënnegung, Befërderung, Trennung oder Scheedung mat bis zu 50.000 € ofgeséchert. D‘Versécherung vum Reesgepäck deckt Walisse, Kameraen a Sportsmaterial bis zu 3.500 € of.

Bis zu 8 Leit kënnen an engem Vertrag verséchert ginn. No der Reservatioun kritt een direkt d’Assurance am pdf geschéckt.

Klickt einfach op assurances.acl.lu oder rufft am ACL un um 45 00 45 -1