Och Kooperative kënne vun sou enger Aspeisevergütung profitéieren.

RTL-Business 18.6.2021

Solaranlage ginn ëmmer méi attraktiv, an dat och fir Privatpersounen a Betriber. De selwer produzéierte Stroum kann ee jo och fir den Eegeverbrauch notzen, fir e Gebai oder en Elektroauto, an sou déi eege Stroumrechnung reduzéieren an eppes fir d’Klima maachen.

Eng Anlag ass am Prinzip no 8 bis 10 Joer bezuelt an da verdéngt ee bis zum 15. Joer all Joer eppes. An no de 15 Joer kann een da säi Stroum selwer notzen. Um Ufank vum Projet gitt Dir vun den Experte kommerziell neutral beroden a gitt gewuer wéi de Projet ofleeft a wéi eng Hëllefen ee ka kréien. D’Berodung kascht näischt a ka sur Place, via Telefon oder Videokonferenz gemaach ginn. Als Subsid stinn am Prinzip 20 % vum Investissement zur Verfügung an d’Gemeng kann och Subsiden ubidden. Donieft gëtt et och eng Aspeisevergütung fir de produzéierte Stroum.

Och Betriber a Kooperative kënne vun sou enger Aspeisevergütung profitéieren. Och eis Bauere maachen a punkto Stroumversuergen eppes fir de Klimaschutz. Et musse Geneemegunge bei der Gemeng an dem Environnement ugefrot ginn. An da kann et lass goen. Och wann Ären eegenen Daach net dofir gëeegent ass, kënnt Dir awer trotzdeem vun de Virdeeler profitéieren. An zwar zesumme mat anere Leit, zum Beispill an enger Kooperativ. Hei investéiert ee wat een huet: mat senger Zäit, sengen Iddien an natierlech och mat senge Suen. D’Kooperative funktionéieren no engem demokratesche Prinzip, jiddereen huet dat selwecht Stëmmrecht egal op een elo eng oder honnert Parten huet. Mee genee sou wichteg wéi de finanzielle Méiwäert ass de Méiwäert fir d’Klima an de soziale Méiwäert vun enger Communautéit.

Méi Detailer fannt Dir op myenergy.lu