Och elo mam neie Concept-Store an der Stad

Zanter enger Zäitche schonn, gëtt et Sightseeing.lu - Eng frësch Approche den Tourismus an der Stad anescht z’erliewen.

Mam Audioguide Sightseeing.lu, deen een op sengem Smartphone mat sech féiert, daucht een an d’Geschicht vu Lëtzebuerg an. Donieft féiert en een och bei Geschäfter déi lokal Produiten ubidden.

Op zu Fouss oder och mam Velo : Dir sitt Ären eegenen Här a Meeschter.

Ma elo huet Sightseeing.lu och en eegene Concept-Store an der Stad opgemaach.

Hei entdeckt Dir nach vill weider Méiglechkeeten d’Stad anescht z’erliewen, wéi zum Beispill och um Elektrovelo.

Ënnert anerem fënnt een hei am Geschäft och lecker lokal Produiten déi haaptsächlech vu Wanderscheid an House of Luxembourg kommen.

An et gëtt och eng kleng Bar wou et erfrëschend alkoholfräit Gedrénks gëtt.

Am Keller vum Sightseeing Concept Store ass dann och nach Plaz fir 10-12 Leit fir Degusatatioune vu lokale Produiten oder fir aner kleng Evenementer!

Gidd einfach eng Kéier laanscht luussen a kuckt elo schonn op sightseeing.lu.

25/06/21 Business News